Wëllef

D‘Wëllefcher sinn tëschent 8 a 11 Joer al.

Waat rappe si ëm?

Si entdecken, fuerschen, léieren, schléissen Frëndschaften,….an dat alles bei eis an de Versammlungen.
Mir maachen allerhand interessant Aktivitéiten, ginn zesummen op Sortien an op 2-3 Weekender.
Den Héichpunkt vum Scoutsjoer ass de Summercamp, dat ass ëmmer e super Erliefnis.
Do schlofen mir 4 Nuechten hei am Land an engem flotten Chalet.
Nach méi kuerz a knackeg gesot, léieren d‘Kanner an de Wëllefcher ganz elementar Wäerter kennen, Solidaritéit, Verantwortung, Hëllefsbereetschaft, Matgefill, Geschécklechkeet, a.s.w.

Wou treffe si sech?

D´Wëllef treffe sech all Samschdeg vun 14h bis 16h (ausser an der Vakanz) am Home St Jean (Verlängerung vun der Rue Mont St. Jean) zu Butschebuerg.
Eis 1. Versammlung fir d'Schouljoer 2020-2021 ass Samschdes, de 26. September vun 14h bis 16h.

Kommt mol laanscht kucken!

Kontakt: wellef.diddeleng@gmail.com

Eis Wëllef Cheffen

GANGLER Ben


HIPPERT Annick

GRETHEN Jill


SCHERSCHEL Max

PORCEDDA Alessandra