Iwwert eis

Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Grupp St Jean Diddeleng

Mir sinn e gemëschte Jugendmouvement mat Jongen a Meedercher, deen op ass fir jiddereen.
Déi Fäegkeeten a Wäerter, déi mir de Kanner a Jonke vermëttelen, baséieren op den Iddie vum Grënner vun de Scouten, dem Lord Robert Baden-Powell.
Seng Haaptiddië wéi z. Bsp. „Learning by doing“ stinn am Vierdergronn.
Vill Wäert gëtt och op d’Coeducatioun tëschent Meedchen a Jong geluecht wouduerch mer am Joer 2016 zesumme mat eise Grénge Scoutskollegen de Chancegläichheetspräiss vun der Diddelenger Gemeng iwwerreecht kruuten.
All eis Cheffe vun dëse Branchë maachen hir Aarbecht benevol an hunn all eng Formatioun, déi vum Service National de la Jeunesse unerkannt ass.
Eis Branche hunn am Prinzip all Woch eng Versammlung vun 2 Stonnen.
Donieft machenh si während dem Joer 1-2 Weekender an 1 Camp. Mat de Biber a mat de Wëllef ass desen am Inland. Mat den Avex, Carapio an de RaRo ass dësen och mol gäer am Ausland.
Donieft kommen nach all déi national Aktivitéite vum Verband ewéi och déi lokal Aktivitéiten hei zu Diddeleng dobäi. Eise Grupp zielt am Moment ëm déi 200 Memberen.

Eis Geschicht

1916 -

Grënnung vum Grupp de 14. Juli 1916 als „fräie Jünglingsveräin“ ënnert der dreiwender Kraaft vum Jean Friedrich. Éischte Scoutsmaster war den Théodore Fohrmann

1930 -

1930: Offiziellen Numm „Troupe St Jean“. De Foulard gouf vu mof op blo geännert („blo Scouten“)

1945 -

1945 gouf de Grupp vun de Guiden St Jean gegrënnt. Ronn 50 Joer laang huet dee Mederchersgrupp niewt dem Bouwegrupp vun de Scoute parallell geschafft.

1977 -

1977: Plënnere vun deem ale Veräinshaus um Strutzbierg an dat neit Veräinshaus nieft der Kierch

1991 -

1991: Den 23. Juni: Feier vu 75 Joer vum Grupp St Jean.
Éischt Scoutskiermes an der Léih.

1992 -

1992: Den 30. Januar: Grënnung vun der „Fondatioun Home St Jean“ am Hibléck op de Bau vun engem gemeinsamen Home.

1994 -

1994: den 2. Juli get d’Fusioun vun der Sektioun vun de Guide St Jean mat dem Grupp vun de Scoute St Jean am Bloklapp mat engem grousse Fest gefeiert. Vun elo un get et nach just ee Grupp: Guiden a Scoute St Jean Diddeleng. De Grupp war deen éischte fusionnéierte Grupp am Land an huet domat, wéi schon sou oft, Pionnéieraarbecht gemat.

1998 -

14. November 1998: De Grondsteen vum „Home St Jean“ get um Fouss vum Gehaansbierg, am „Séidchen“ geluecht.

2004 -

13. Mee 2004: Aweiung vum Home St Jean

2016 -

De Grupp feiert séng 100 Joer.

Eis Missioun

D’Natur erliewen a léieren eis Ëmwelt ze respektéieren.

Donieft gëtt awer och probéiert international Frëndschaften opzebauen an un Entwécklungsprojeten deelzehuelen. Dëst gett all 3-4 Joer am RaRo Odyseesprojet realiséiert. Dobai ware mir schon a verschiddensten Entwécklungslänner wéi Äthiopien oder de Vietnam, ...
Dëst Joer zitt et eis an de Senegal, Georgien a Bolivien, wou mir zesumme mat Scouten aus ganz Lëtzebuerg an Scoutsgruppen aus de jeweilege Länner zesumme schaffen fir verschiddenst Infrastrukturen obzebauen.