AvEx

AvEx ass d'Ofkierzung vun Aventuren an Explorer an dat sinn Jugendlecher am Alter vun 11 bis 14 Joer.

Waat rappe si ëm?

An den AvEx geet et drëm ëmmer méi un Selbstännegkeet ze gewannen an fir sech an anerer Verantwortung ze iwwerhuelen.
Déi Jugendlech ginn ëmmer méi an den Choix, d'Organisatioun an d'Ausféierung vun den Aktivitéiten agebonnen, getrei dem Motto vum Baden Powell "Ask the boy/girl".
Och den Prinzip vum "learning by doing" gëtt an den AvEx grouss geschriwwen, well een doduerch ëmmer rëm nei Saachen léiert an iwwert sech erauswuessen kann.
Eis Versammlungen, probéieren mir den Jugendlechen sou flott wei méiglech ze gestalten an dobäi steet Spaass un éischter Stell.
Och op Weekend'er, Sortien an um alljährlechen Summercamp erliewen mer onvergiesslech Momenter zesummen.

Wou treffe si sech?

D´Avex treffe sech all Woch entweder Freides Owes oder Samschdes Mettes (ausser an der Vakanz) am Home St Jean (Verlängerung vun der Rue Mont St. Jean) zu Butschebuerg.
Eis 1. Versammlung fir d’Schouljoer 2020-2021 ass Freides, de 25. September vu 19 bis 21 Auer.

Kommt mol laanscht kucken!

Kontakt: avex.diddeleng@gmail.com

Eis Avex Cheffen

SCHMIT Félix


STEFANETTI Lena

BEMTGEN Tom


BOURG Wesley


WEBER Emma


RIES Olivier

GANGLER Pol


SCHMIT Elisabeth