Biber
 
                        
                        
                           D´Biber, dat ass d’Branche vun de jéngste Lëtzebuerger Guiden a Scouten.
D’Biber riichte sech u Kanner aus dem Cycle 2.
                   
Waat rappe si ëm?
                      
                        Mir wëllen de Kanner d´Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do ass, de Respekt fir deen aneren a fir d’Natur méi no bréngen.
 D´Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesumme liewen begeeschtert ginn.
 
Duerch d’Kniwwel sollen d´Kanner hir eegen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialien Bekanntschaft maachen.
 Duerch d´Spill an der Natur kënnen d´Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen.
Si maachen am Joer 1-2 Weekender a schléissen d'Joer mat engem Camp vu 4 deeg of.
Wou treffe si sech?
 D´Biber treffe sech all Samschdeg vun 14h - 16h (ausser an der Vakanz) am Home St Jean (Verlängerung vun der Rue Mont St. Jean) zu Butschebuerg. 
 Eis 1. Versammlung fir d'Schouljoer 2020-2021 ass Samschdes, den 26. September vu 14h bis 16h.
 Kommt mol laanscht kucken!
                          Kontakt: biber.diddeleng@gmail.com 
Eis Biber Cheffen
GANGLER Julie
Bea Picard
CLOOS Lisa
CLOOS Ben
KEMP Fränzi
