D'Wëllef

D‘Wëllefcher sinn eis member aus dem Cycle 3.1 – 4.1

Wat rappe si ëm?

Si entdecken, fuerschen, léieren, schléisse Frëndschaften,….an dat alles bei eis an de Versammlungen.
Mir maachen allerhand interessant Aktivitéiten, ginn zesummen op Sortien an op 2-3 Weekender.
Den Héichpunkt vum Scoutsjoer ass de Summercamp; dat ass ëmmer e super Erliefnis.
Do schlofe mir 4 Nuechten hei am Land an engem flotte Chalet.
Nach méi kuerz a knackeg gesot, léieren d‘Kanner an de Wëllefcher ganz elementar Wäerter kennen: Solidaritéit, Verantwortung, Hëllefsbereetschaft, Matgefill, Geschécklechkeet, a.s.w.

Wou a wéini?

D´Wëllef treffe sech all Samsde vu 14h bis 16h (ausser an der Vakanz) am Home St Jean (Verlängerung vun der Rue Mont St. Jean) zu Butschebuerg.
Eis 1. Versammlung fir d’Schouljoer 2022-2023 ass Samsdes, de 17. September vun 14h bis 17h.

Kommt mol laanscht kucken!

Kontakt: wellef@diddeleng.lgs.lu