D'RaRo

D´Ranger an d´Rover si Jugendlecher a jonk Erwuessener vu 17 bis 23 Joer.
Si maachen 1-2 Weekender pro Joer a ginn am Summer an d’Ausland op e Camp.

Wat rappe si ëm?

D’Ziler vun de RaRo orientéiere sech un de Besoinen vun de jonken Erwuessenen.
D’grousst Zil ass, dass déi jonk Erwuesse lues a lues duerch Aktioune bewosst un hirem Erwuesse-sinn an Engagéiert-si schaffen.
De Grupp, wou d´RaRo sech treffen, nennt sech Clan.
Dëse Clan trefft sech reegelméisseg a Versammlungen a setzt sech Ziler a Reegelen.
D´RaRo léieren zesumme schaffen an huelen Decisiounen zesummen.

Wou a wéini?

D´RaRo treffe sech all Donneschden Owend (ausser an der Vakanz) am Home St Jean (Verlängerung vun der Rue Mont St. Jean) zu Butschebuerg.

Hir éischt Versammlung fir d’Guide- Scoutsjoer 2022-2023 ass den 23. September vu 17h un beim Chalet zu Butschebuerg.

Kontakt: raro@diddeleng.lgs.lu