Eise Grupp

Iwwert eis

St. Jean Diddeleng

Mir sinn e gemëschte Jugendmouvement mat Jongen a Meedercher, deen op ass fir jiddereen. 
Déi Fäegkeeten a Wäerter, déi mir de Kanner a Jonke vermëttelen, baséieren op den Iddie vum Grënner vun de Scouten, dem Lord Robert Baden-Powell.
 Seng Haaptiddie wéi z. Bsp. „Learning by doing“ stinn am Vierdergrond.
 Vill Wäert gëtt och op d’Coeducatioun tëschent Meedchen a Jong geluecht, wouduerch mir am Joer 2016 zesumme mat eise Grénge Scoutskolleegen de Chancëgläichheetspräis vun der Diddelenger Gemeng iwwerreecht kruten.
 All eis Cheffe vun de Branchë maachen hir Aarbecht benevole, an hu gréisstendeels eng Formatioun, déi vum Service National de la Jeunesse unerkannt ass.
 Eis Branchen hunn am Prinzip all Woch eng Versammlung vun 2 Stonnen. 
Donieft maache si wärend dem Joer 1-2 Weekender an 1 Camp. Mat de Biber a mat de Wëllef ass dësen am Inland. Mat den AvEx, CaraPio an de RaRo ass dësen och mol gär am Ausland. 
Donieft kommen nach all déi national Aktivitéite vum Verband ewéi och déi lokal Aktivitéiten hei zu Diddeleng dobäi. Eise Grupp zielt am Moment ëm déi 200 Memberen.

Eis Geschicht

1916 -

Grënnung vum Grupp de 14. Juli 1916 als „fräie Jünglingsveräin“ ënnert der dreiwender Kraaft vum Jean Friedrich. Éischte Scoutsmaster war den Théodore Fohrmann.

1930 -

1930: Offiziellen Numm „Troupe St Jean“. De Foulard gouf vu mof op blo geännert („blo Scouten“).

1945 -

1945 gouf de Grupp vun de Guiden St Jean gegrënnt. Ronn 50 Joer laang huet dee Meederchersgrupp nieft dem Bouwegrupp vun de Scoute parallell geschafft.

1977 -

1977: Plënnere vun deem ale Veräinshaus um Strutzbierg an dat neit Veräinshaus nieft der Kierch.

1991 -

1991: Den 23. Juni: Feier vu 75 Joer vum Grupp St Jean. 
Éischt Scoutskiermes an der Léih.

1992 -

1992: Den 30. Januar: Grënnung vun der „Fondatioun Home St Jean“ am Hibléck op de Bau vun engem gemeinsamen Home.

1994 -

1994: den 2. Juli gëttt d’Fusioun vun der Sektioun vun de Guide St Jean mat dem Grupp vun de Scouten St Jean am Bloklapp mat engem grousse Fest gefeiert. Vun elo un gëtt et nach just ee Grupp: Guiden a Scouten St. Jean Diddeleng. De Grupp war deen éischte fusionnéierte Grupp am Land an huet domat, wéi schonn esou dacks, Pionnéieraarbecht geleescht.

1998 -

14. November 1998: De Grondstee vum „Home St Jean“ gëtt um Fouss vum Gehaansbierg, am „Séidchen“ geluecht.

2004 -

13. Mee 2004: Aweiung vum Home St Jean.

2016 -

De Grupp St. Jean Diddeleng feiert seng 100 Joer.

Eis Missioun

D’Natur erliewen a léieren eis Ëmwelt ze respektéieren. 

Donieft gëtt awer och probéiert international Frëndschaften opzebauen an un Entwécklungsprojeten deelzehuelen. Dëst gëtt all 3-4 Joer am RaRo Odysseesprojet realiséiert. Dobäi ware mir schonn an deene verschiddensten Entwécklungslänner, wéi Ethiopien oder de Vietnam, … 
Dëst Joer zitt et eis an de Senegal, Georgien a Bolivien, wou mir zesumme mat Scouten aus ganz Lëtzebuerg a Scoutsgruppen aus de jeeweilege Länner zesummeschaffe fir verschiddenst Infrastrukturen opzebauen.