Eis Gruppechef

D’Gruppechef-Ekipp besteet aus 3 Gruppechef.
Si sinn dem Verband géintiwwer verantwortlech fir d’gutt Fonctionnéiere vum Grupp.
Si këmmere sech och ëm de ganzen administrative Volet tëschent dem Verband an dem Grupp.
Si suergen dofir, dass de Kader stëmmt, fir dass d’Branchëchef mat de Kanner a Jonken no de Prinzipie vum Guidissem/Scoutissem adequat schaffe kënnen.
Si si Mediateur tëschent denen eenzele Partner vum Grupp (Amicale, Fondatioun Home St Jean, Gemeng..) a representéieren de Grupp no baussen.

Anja Bemtgen

Julie Gangler

Félix Schmit