Chalet

De Chalet vun de Guiden a Scouten St. Jean zu Diddeleng

Adress

Home Saint Jean
rue du Mont St Jean
L-3492 Dudelange

Iwwert de Chalet

Eise Chalet ass mat ee vun de gréisste Scouts Chaleten zu Lëtzebuerg, deen et ze loune gëtt. Um Rez-de-chaussée erwaart Iech ee grousse Sall fir max 80 Leit, Sanitär an eng grouss Kiche mat professionellem Equipement. Um Stack driwwer hu mir 2 Dortoire mat insgesamt 48 Better. Dobaussen hu mir 3 grouss Plateauen, déi mat Wiss bewuess sinn. Op dëse kënne souwuel Campe wei och aner Fester stattfannen. D’Feierplaz virum Chalet suergt fir déi néideg Atmosphär fir en Owend zesumme gemittlech auskléngen ze loossen.

Ausserhalb vun de Schoulvakanzen ass eise Chalet fir Lokatiounen a Fester Samsdes ab 16.30 Auer accessibel.

Reservatioun vun eisem Chalet

Op dësem Kalenner gesitt dir ob eise Chalet nach fräi ass. D’Ausfëlle vun dësem Formulaire ass keng Garantie op eng Reservatioun fir de gewënschten Zäitraum.

Bei Interessi einfach dëse Formulaire ausfëllen an ofschécken, a mir mellen eis sou séier wéi méiglech bei Iech.

Wann mir eis no enger Woch nach net bei Iech gemellt hunn da kontaktéiert eis w.e.g. nach enkeier per mail.

Dir kritt wann de Formulaire erfollegräich bei eis agangen ass eng e-mail. Ass dëst net de Fall, da versicht weg de Formulaire nachemol auzefëllen, oder kontaktéiert eis per mail.

Eis Hausuerdnung

Calendar is loading...
-
Available
 
-
Not Available
captcha

[site_reviews]

[site_reviews_form]