D'CaraPio

CaraPio ass d´Ofkierzung vu Caravelle a Pionnéier. Mir si Jugendlecher tëschent 14 a 17 Joer.

Wat rappe si ëm?

Ganz vill Wäert gëtt geluecht op Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéie vun Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an den Engagement groussgeschriwwe ginn. Am Laf vum Joer ginn 1-2 Weekender geplangt, an den Héichpunkt vum Joer ass e Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass a wou am Zelt geschlof gëtt.

Wou a wéini?

D´CaraPio treffe sech all Méinden Owend (ausser an der Vakanz) am Home St Jean (Verlängerung vun der Rue Mont St. Jean) zu Butschebuerg.

Kommt mol laanscht kucken!

Kontakt: carapio@diddeleng.lgs.lu