D'CaraPio
CaraPio ass d´Ofkierzung vu Caravelle a Pionnéier. Mir si Jugendlecher tëschent 14 a 17 Joer.
Wat rappe si ëm?
Ganz vill Wäert gëtt geluecht op Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéie vun Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an den Engagement groussgeschriwwe ginn. Am Laf vum Joer ginn 1-2 Weekender geplangt, an den Héichpunkt vum Joer ass e Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass a wou am Zelt geschlof gëtt.
Wou a wéini?
D´CaraPio treffe sech all Méinden Owend (ausser an der Vakanz) am Home St Jean (Verlängerung vun der Rue Mont St. Jean) zu Butschebuerg.
Hier éischt Versammlung fir d’Schouljoer 2024-2025 ass Samsdes, de 21. September vu 14h bis 16h.
Kommt mol laanscht kucken!
Kontakt: carapio@diddeleng.lgs.lu