D'Biber

D´Biber, dat ass d’Branche vun de jéngste Lëtzebuerger Guiden a Scouten.
D’Biber riichte sech u Kanner aus dem Cycle 2.

Wat rappe si ëm?

Mir wëllen de Kanner d´Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do ass, de Respekt fir deen aneren a fir d’Natur méi no bréngen.
D´Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesummeliewen, begeeschtert ginn.
Duerch d’Kniwwel sollen d´Kanner hir eegen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialie Bekanntschaft maachen.
Duerch d´Spill an der Natur kënnen d´Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen.

Wou a wéini?

D´Biber treffe sech all Samsde vu 14h – 16h (ausser an der Vakanz) am Home St Jean (Verlängerung vun der Rue Mont St. Jean) zu Butschebuerg.
Eis 1. Versammlung fir d’Schouljoer 2022-2023 ass Samsdes, de 17. September vu 14h bis 17h.
Kommt mol laanscht kucken!

Kontakt: biber@diddeleng.lgs.lu