D'AvEx

AvEx ass d’Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, an dat si Jugendlecher am Alter vun 11 bis 14 Joer. 

Wat rappe si ëm?

An den AvEx geet et drëms fir ëmmer méi u Selbstännegkeet ze gewannen a fir sech an anerer Verantwortung ze iwwerhuelen.
Déi Jugendlech ginn ëmmer méi an de Choix, d’Organisatioun an d’Ausféierung vun den Aktivitéiten agebonnen, getrei dem Motto vum Baden Powell “Ask the boy/girl”.
Och de Prinzip vum “learning by doing” gëtt an den AvEx groussgeschriwwen, well een doduerch ëmmer rëm nei Saache léiert an iwwert sech erauswuesse kann.
Mir probéieren eis Versammlunge fir déi Jugendlech sou flott ewei méiglech ze gestalten, an dobäi steet Spaass un éischter Stell.
Och op Weekender, Sortien an um alljäerleche Summercamp erliewe mir onvergiesslech Momenter zesummen.

Wou a wéini?

D´Avex treffe sech all Woch entweder Freides Owes oder Samsdes mëttes (ausser an der Vakanz) am Home St Jean (Verlängerung vun der Rue Mont St. Jean) zu Butschebuerg.
Eis 1. Versammlung fir d’Schouljoer 2022-2023 ass Samschdes, de 17. September vu 14 bis 17 Auer.

Kommt mol laanscht kucken!

Kontakt: avex@diddeleng.lgs.lu

Fotoen

Invalid slider ID or alias.