- Kannertheater 2025 : D’Routkäppchen
Dëst Joer spille mir zesumme mat ronn 50 Guiden a Scoute zwëschent 7 an 18 Joer eise Kannertheater. D’Stéck vun dësem Joer ass d’Routkäppchen. Mir wäerten eist Stéck 5 Mol opféiren, an dat am Centre St Martin zu Diddeleng.
Tickete kënnt Dir online réservéiren op lgsdiddeleng.lu oder ab dem 6. Januar per Telefon um 621 343 913 - Rentréesversammlung 2024
- Gruppecamp Hullabaloo
Um Kuelbecherhaff huet de Grupp St Jean vun Diddeleng am Juli 2024 hiere Gruppecam gehat. Mam Numm Hullabaloo huet de Camp ronderem de Waldo a säi béise Bruder Maldo gedréint. Vun de Biber, bis an d’Albatrosse, waren all eis Branchen aus dem Diddelenger Grupp um Camp vertrueden. Eng ronn 120 Leit waren deelweis zesummen um Site vum Kuelbecherhaff.
- Bëschbotzaktioun mam IVQB
Den 8.6. hunn eis Biber an eis Wëllefcher zesumme mam Interesseveräi Quartier Butschebuerg hier traditionell Bëschbotzaktioun gehat. Mir hunn eis zu e puer Gruppen opgespléckt an Deeler vum Gehaansbierg a vum Butschebuerger Quartier propper gemaach. Als Guiden a Scoute läit eis d’Propretéit vun der Natur um Häerz, dofir si mir ëmmer nees frou dës Aktioun mam IVQB ze maachen! #AllDagEngBA
- Guiden- a Scoutskiermes 2024
De Grupp vun den Diddelenger Guiden a Scouten invitéieren Iech alleguerten häerzlech op eis Guiden- a Scoutskiermes, den 23. Juni 2024 bei eisem Home Saint Jean zu Butschebuerg. Op Nationalfeierdag wëlle mir alleguer zesummen ee flotten Dag verbréngen. Spill a Spaass vir Grouss a Kleng, Animatioun, Flammlachs, Gegrills a Gedrénks! Kommt all laanscht!
- Jocapi 2024 – Finding Waldo
De 5. Mai hu sech CaraPio aus dem Lëtzebuerger Land zu Diddeleng fir d’Journée CaraPio getraff. D’lescht Joer haten eis Diddelenger CaraPio dëse Rally zu Réiser gewonnen. Dofir ass d’Jocapi dëst Joer vun den Diddelenger CaraPio zu Diddeleng organiséiert ginn. D’Thema war “Finding Waldo” ass vläicht sou munsche Leit Begrëff. Mir waren och frou eise Chefscout an Iewgrousshäerzog Guillaume zu Diddeleng empfangen ze hunn. Souverän hunn dei Nidderanvener CaraPio de Bokal matgeholl. Mir freeën eis schonn op d’Jocapi zu Nidderanven am Joer 2025 ⚜️
- Rentréesversammlung 2023
Et ass erëm esou wäit. No der ganz laanger Summervakanz, fänkt dat neit Guiden- a Scoutsjoer endlech erëm un! Mir wëllen Iech domat da ganz ganz häerzlech op eis Rentréesversammlung de 16. September 2023 vu 14 bis 17 Auer bei eisem Chalet zu Butschebuerg invitéieren. Mir freeën eis Iech alleguer erëmzegesinn an natierlech heesche mir och jidderee wëllkomm, deen nach net bei eis war, a luusse wëll wat bei de Scouten alles gemaach gëtt.
Wann dir nach Froen hutt, da schreift eis einfach eng Mail, oder schreift eis op Facebook/Instagram.
- Kannertheater 2024
Et ass nees esou wäit! Dëst Joer spille mir d’Theaterstéck Äschelisi. Dëst Joer spille mir eist Theaterstéck 5 mol. Datumer fannt dir am Flyer.
- Bëschbotzaktioun 2022
Dass eis Natur propper bleift läit eis als Guiden a Scouten natierlech besonnesch um Häerz.♥️ Wei all Joer war duerfir gëschter eis Bëschbotzaktioun, zesumme mam Interesseveräin Quartier Butschebuerg. ♻️ Mat hinnen si mir ënner anerem iwwer de Gehaansbierg gaangen an hunn alles opgeraf, wat net an de Bësch gehéiert.⚜️🌲