RaRo Projet: Tiny-House

Bei eisem momentane Projet handelt et sech em d’Restauratioun vun engem Leederwon, op deem mir eng Aart hëlzene Container dropbaue wëllen. Dëse Leederwon existéiert schonns säit 1956 an huet eng laang Traditioun an eisem Grupp. Vu dass mir bei de Scoute vill Wäert op „Upcycling“ leeën an domat een nohaltege Liewensstil ustriewen, wëlle mir dëse Leederwon esou gutt et geet restauréieren an an engems erweideren, fir dass en an eisem Grupp nach vill Joren erhale bleift a benotzt ka ginn.

De fäerdege Projet déngt eis als Raum fir Aktivitéiten, esou wéi och, zum Beispill, als Stand bei ëffentleche Veranstaltunge mat bis zu 600 Leit op eisem Site. Méi konkret plange mir also de Won als Openthaltsraum, intern am Grupp, an als Verkafsstand fir, zum Beispill, op engem Buergbrennen oder enger Scoutskiermes ze benotzen. Well mir dëse Won fir ëffentlech Veranstaltunge benotzen, besteet eng automatesch Opportunitéit an engems Reklamm fir eis Sponsoren, déi eis dës Renovatioun erméiglecht hunn, ze maachen.

Hei niewendrun op de Biller kënnt Dir ongeféier gesinn, wéi dee fäerdege Leederwon kéint ausgesinn. Déi genau Dimensiounen an d’Opdeelung vu verschiddenen Elementer (Fënsteren, Dieren etc) sinn awer nach variabel, vu dass dës vum Material ofhänken, dat mir schlussendlech zur Verfügung hunn.

Dir wëllt eis ennerstetzën ? Dann schreift eis eng e-mail op raro@diddeleng.lgs.lu oder schreift eis op Facebook oder Instagram.

Fotoen :