RaRo
D´Ranger an d´Rover si Jugendlechen vu 17 bis 23 Joer.
Si maachen 1-2 Weekender pro Joer an ginn am Summer an d’Ausland op e Camp.
Waat rappe si ëm?
D’Ziler vun den RaRo orientéieren sech un de Besoinen vun de jonken Erwuessenen.
D’grousst Zil ass, dass déi jonk Erwuesse lues a lues duerch Aktiounen bewosst un hirem Erwuesse-sinn an Engagéiert-sinn schaffen.
De Grupp wou d´RaRo sech treffen nennt sech Clan.
Dëse Clan trefft sech regelméisseg a Versammlungen a setzt sech Ziler a Regelen.
D´RaRo léieren zesumme schaffen an huelen Decisiounen zesummen.
Wou treffe si sech?
D´RaRo treffe sech all Donneschdeg Owend (ausser an der Vakanz) am Home St Jean (Verlängerung vun der Rue Mont St. Jean) zu Butschebuerg.
Kontakt: lgsdudelange@pt.lu