Carapio
CarPio ass d´Ofkierzung vu Caravelle a Pionnéier. Mir sinn Jugendlecher tëschent 14 a 17 Joer..
Waat rappe si ëm?
Ganz vill Wäert gëtt geluecht op Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an d’Engagement grouss geschriwwen ginn.
Am Laf vum Joer ginn 1-2 Weekender geplangt an den Héichpunkt vum Joer ass e Camp, dee bei den CaraPio meeschtens am Ausland ass an wou am Zelt geschlof gëtt.
Wou treffe si sech?
D´CaraPio treffe sech all Méindes Owes (ausser an der Vakanz) am Home St Jean (Verlängerung vun der Rue Mont St. Jean) zu Butschebuerg.
Eis 1. Versammlung fir d’Schouljoer 2020-2021 ass Méindes, den 21. September vu 19 bis 21 Auer.
Kommt mol laanscht kucken!
Kontakt: diddeleng.carapio@gmail.com